Papperlapop

Jamie Reinert

Tirangsdenke war gëschter. Genren a Stiler spillen ëmmer manner eng Roll an der Musek. An enger Welt, déi sech séier verännert ass alles erlaabt. Den Jamie Reinert guidéiert Iech duerch den Dschungel vun Tendenzen, schwätzt mat Museker, Labelen a Kritiker a geet de Saachen op de Fong.

Art Feynman

Art Feynman

Den Luke Temple - e Museker dee mat Kënnen an Originalitéit punkte kann, mat dräi verschiddene Projete ganzer 12 Placken erausbruecht huet, an dem Donald Trump a Form vun engem Lidd seng Meenung matgedeelt huet. Säi Projet du Jour nennt hien Art Feynman. De Marc Clement huet sech mam Kënschtler iwwer seng Musek, Politik an d'Liewen an der Tour-Camionette ënnerhalen.

A fir de Rescht guidéiert den Jamie Reinert duerch rezent Releasen, vu Frafra Musek aus Nord-Ghana bis zu experimentellem Pop aus Japan.

Playlist:

  1. Alogte Oho & his Sounds of Joy - Mam Yinne Wa (Bitteschön, Philophon! Vol. I, 7.12.2018 - Philophon)
  2. Art Feynman - Slow Down (Blast Off Through The Wicker, 14.07.2017 - Western Vinyl)
  3. Art Feynman - The Shape You're In (Single, 6.06.2017 - Western Vinyl)
  4. Art Feynman - Monday Give Me Monday (Near Negative, 15.12.2017 - Western Vinyl)
  5. Makaya McCraven - Young Genius (feat. Joel Ross) (Universal Beings, 26.10.2018 - International Anthem)
  6. Stephen Steinbrink - I Wanna Be Free (Utopia Teased, 9.11.2018 - Western Vinyl)
  7. Bill Callahan - Drover (Live at Third Man Records, 9.11.2018 - Third Man Records)
  8. Michele Mercure - Dreamplay 2 (Beside Herself, 9.11.2018 - RVNG Intl.)
  9. Eiko Ishibashi - Iron Veil (The Dream My Bones Dream, 16.11.2018 - Drag City)
  10. Mac DeMarco - Honey Moon (Single, 24.08.2018 - Light In The Attic)

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

  • Literaturfestival "étonnants voyageurs"

    Iwwer de Päischtweekend stoung d'Literatur aus der ganzer Welt, awer och de Film an d'Ausstellungen am Mëttelpunkt an der klenger bretonescher Festungsstiedche Saint Malo.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen