KomponistIn vum Mount

All Mount steet eng Komponistin oder ee Komponist am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a virun allem mat de ville Facette vum Wierk.

Scott Joplin

E Pianist a senger Zäit

Mat senge Kompositioune wéi dem "Maple Leaf Rag" oder dem "Entertainer" ass de Scott Joplin dee bekanntste Vertrieder vum Ragtime. Mat dëser Musek huet hien net nëmme Millioune Leit zum danze bruecht, mä och gehollef Fundament vum Jazz ze géissen. De Luc Boentges schwätzt mam Pol Belardi, fir méi iwwer dem Scott Joplin seng Roll am Jazz gewuer ze ginn.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen