Konferenzen

Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.

Forum Z - Sozial Ongläichheeten zu Lëtzebuerg?

Zanter zwanzeg Joer steet d'Fro vun der Ongläichheet am Zentrum vun de Geeschteg- an Sozialwëssenschaften, fir d'Nokrichsgesellschaft ze beschreiwen. Mee schonn eleng an dësem Zäitraum hu sech d'Bedingunge vum Aarbechtsliewen erëm verännert an nei Forme vun Onsécherheet sinn entstanen, trotzt engem gutt funktionéierende Sozialstaat. Zur selwechter Zäit fanne radikal Changementer statt, déi déi sozial Verbindungen innerhalb vun der Famill oder der Allgemengheet betreffen. Nei Formen a Funktiounen entstinn. Begrëffer wéi "Solidaritéit", "Risikogesellschaft", "Ausgrenzung", "Vulnerabilitéit" beschreiwen dës sozial Verännerungen.

Akommes a Wunnen, Gender, Bildung, Migratioun a kulturell Diversitéit waren Themen, déi den 2. Oktober an der Maison du Peuple zu Esch-Uelzecht, debattéiert goufen. 

Organiséiert ënner anerem vum Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C2DH) vun der Uni Lëtzebuerg a Kooperatioun mam radio 100,7 - opgeholl a verschafft vum Carlo Link.

Keynote: "Soziale Ungleichheit in Europa" vum Professer Dr. em. Hartmut Kaelble, Humboldt-Universität, Berlin. © Université du Luxembourg

Diskutéiert hunn: André Roeltgen (OGBL-President), Nicolas Schmit (Minister fir Aarbecht, Emploi a Solidarwirtschaft), Anik Raskin (Conseil national des Femmes au Luxembourg), Charel Schmit (Caritas Lëtzebuerg), Dr. Sophie Schram (Historikerin), Dr. Antoine Fischbach (Uni Lu), v.l.n.r.. Montage: Carlo Link / Fotoen: © Université du Luxembourg

Forum Z vum 2. Oktober 2018: Sozial Ongläichheeten zu Lëtzebuerg? © Université du Luxembourg

Forum Z, eng kritesch an oppen Debatt iwwer aktuell Themen an der Perspektiv vun der lëtzebuergescher an der europäescher Zäitgeschicht: https://www.c2dh.uni.lu/de/forum-z

Rezent Emissiounen

Dossieren

  • Mënscherechter

    Den 10. Dezember 1948 sinn zu Paräis déi universell Mënscherechter deklaréiert ginn. Um 70. Joresdag vun dëser Deklaratioun steet de Programm vum radio 100,7 ganz am Zeeche vun de Mënscherechter.

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

  • Communiqué du Conseil d’administration du 100,7

    Le Conseil a décidé de créer un comité de transition présidé par Mme Nancy Braun pour la période du 15/12/2018 jusqu'à l'entrée en fonction du nouveau Directeur (m/f). Mme Michèle Vallenthini est nommée suppléante.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen