CD-Klassik

Nei Produktiounen aus dem klassesche Beräich a Suggestiounen fir Är Diske-Sammlung.

Musek vun engem Staatsmann

Pénktlech fir de Centenaire vun der Onofhängegkeet vu Polen kënnt een Disk mat Musek vum Ignaz Paderewski eraus. De Pianist a Komponist Ignaz Paderewski hat sech nom Ausbroch vum Éischte Weltkrich ferm fir déi polnesch Souveränitéit engagéiert. Dank senger Popularitéit a senge gudde Kontakter bis an d'Wäisst Haus zu Washington ass Polen een onofhängege Staat gi mam Paderewski als éischte Regierungschef. Trotz senger politescher Aktivitéit war de Paderewski awer virop e bedeitende Museker. Dat ënnersträicht och dës nei Produktioun mam Pianist Radoslaw Sobczak. 

Rezent Emissiounen

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen