MusekerIn am Gespréich

Remy Franck

De Remy Franck ënnerhält sech mat internationale Perséinlechkeeten aus der klassescher Musek iwwert hir Carrière an hir aktuell Projeten.

Jacques Mercier - Chefdirigent vum Orchestre National de Lorraine

De Jacques Mercier

De Jacques Mercier ass de Fils vum Marcel Mercier, franséische Komponist, Pädagog a beléifte Pianosprofesser a senger Zäit zu Metz.

De Jacques Mercier huet sech bei eis virun allem en Numm gemaach mat sengem Orchestre National de Lorraine, mat fantastesche Concerten am Arsenal zu Metz, mee och an anere Stied an iwwer déi franséisch Grenzen eraus. Et ass him ze verdanken, datt de fréieren Orchestre Philharmonique de Lorraine de Status National am Numm krut an domat säi Weiderbestoe garantéiert ass. Zu Turku a Finnland war hien eng Partie Joren, oder beim Orchestre National Ile-de-France, deen hien nees opgebaut huet ... Mam ONL ginn et eng Partie Opname mat Auszeechnungen, wéi den Diapason d'or. Opname mat der Deutsche Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserlautern. De Jacques Mercier krut 2002 verdéngt d'Auszeechung Personnalité musicale de l'année.

Nach vill Aneres huet de Jacques Mercier a sengem musikalesche Liewen geleescht, dat Dir an dësem Gespréich mam Manuel Ribeiro gewuer gitt. Hien huet den Dirigent zu Metz bei him doheem getraff.

Rezent Emissiounen

  • Ivan Fischer

    Den Dirigent huet de Budapest Festival Orchestra an eng fest Struktur bruecht, déi d'Formatioun finanziell an organisatoresch ofgeséchert huet.

  • Isabelle Faust

    Déi däitsch Geiistin schwätzt iwwert hir Approche zur Musek an d'Wichtegkeet vun der Kammermusek, iwwert de Claudio Abbado an iwwert hir Enregistrementer.

  • Ivan Ilic

    Deen amerikanesche Pianist mat jugoslawesche Wuerzelen gëlt als Aventurier am Museksliewen, spillt meeschtens alleng a sicht sech gär ongewinnte Wierker aus.

  • Gabriel Tacchino

    Deem 81 Joer ale franséische Pianist seng international Carrière gouf lancéiert, wéi den Herbert von Karajan hien an de 50er Jore fir Concerten engagéiert huet.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter.png

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen