Klassik-CD vun der Woch

Am klassesche Beräich gëtt vill verëffentlecht. Awer nach laang net alles ass gutt a relevant. D'Museksredaktioun sicht déi wichtegst Verëffentlechungen eraus a proposéiert all Woch een CD, deen erausstécht.

Duebelen Disque vum Duo Praxedis

Eng Mamm an hir Duechter verziele Geschichten

Wann eng Mamm an hir Duechter sech gutt verstinn a Musek spillen, ass et gutt méiglech, datt de Museksduo geléngt. Esou geet et dem Duo Praxedis aus der Schwäiz. D'Mamm spillt Harf an d'Duechter spillt Piano. Viru Kuerzem hunn déi zwou Damen nees en Disk erausginn, mat original Beaarbechtungen vu bekannten Operemelodien, zesummegestallt vu Komponisten aus den 18. resp. 19. Joerhonnert.

De Manuel Ribeiro huet sech den duebelen Disk, erauskomm beim Label Ars Produktioun, ungelauschtert. Eisen klasseschen Disk vun der Woch.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen