Konferenzen

Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.

© Université du Luxembourg

ForumZ - Lost Memories of World War 1

Verlueren Erënnerunge vum Éischte Weltkrich. 

Zu der Joerhonnertfeier vum Armistice vum Grousse Krich, huet de Forum Z vum 11. November am Centre National de l'Audiovisuel (CNA) zu Diddeleng, ënner anerem de Mechanismus vun der Erënnerung an dem Vergiessen thematiséiert.

Wat sinn eis Erënnerungen haut - ee Joerhonnert no den Evenementer? U wat erënnere mir eis? Wéi goufe Konflikter a Traumaen iwwermëttelt? Wat fir Erënnerunge ginn duerch Objeten, Plazen a Gedenk-Praktike rapportéiert? Wat fir Geschichte si verdrängt ginn a verluer gaangen?

D'Riedner waren:

- Antoinette Reuter (Centre de Documentation sur les Migrations Humaines - CDMH): "La Première Guerre mondiale a-t-elle mis les femmes au travail?"

- Denis Scuto (C²DH): "Joseph Fox, Joseph Klomann, Gustave Verdun: Mémoires d'hommes oubliées"

- Inna Ganschow (C²DH): "Lost & Found: Die Geschichte der russischen Kriegsgefangenen in Luxemburg in 1918"

- Thomas Kolnberger (Uni Lëtzebuerg): "Die Waffen ruhen, die Toten nicht: Begräbnisstätten als Erinnerungsorte für die Gefallenen der Grand Guerre".

- Stefan Krebs (C²DH) - "Verklungene Geschichte? Zur auditiven Erinnerung des Ersten Weltkrieges"

- Ludwig Vogl-Bienek (Universität Trier) - "Kriegsschauplätze an der Heimatfront: German lantern slides used in the Great War".

Moderatioun: Sandra Camarda, wëssenschaftlech Mataarbechterin am (C²DH).

Opgeholl a verschafft fir de radio 100,7 vum Carlo Link.

Verschidde Linken zum Thema:  

- Déi digital Ausstellung, "Éischte Weltkrich", d'Erënnerung un de Grousse Krich zu Lëtzebuerg, entwéckelt vum C²DH vun der Uni Lëtzebuerg: https://ww1.lu/?lang=de  |  https://ww1.lu/?lang=fr   |  https://ww1.lu/?lang=en

- Informatiounen iwwer de Forum Z vum C²DH: https://www.c2dh.uni.lu/de/forum-z

- D'Ausstellung am Centre de Documentation sur les Migrations Humaines (CDMH), "Être d'ailleurs en temps de guerre (14-18). Étrangers à Dudelange / Dudelangeois à l'étranger" https://www.c2dh.uni.lu/news/exposition-etre-dailleurs-en-temps-de-guerre-14-18-etrangers-dudelange-dudelangeois-letranger

Fotoen: © Université du Luxembourg | Collage: © Carlo Link

Austausch Publikum-Riedner © Université du Luxembourg

Rezent Emissiounen

Dossieren

  • Mënscherechter

    Den 10. Dezember 1948 sinn zu Paräis déi universell Mënscherechter deklaréiert ginn. Um 70. Joresdag vun dëser Deklaratioun steet de Programm vum radio 100,7 ganz am Zeeche vun de Mënscherechter.

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

  • Communiqué du Conseil d’administration du 100,7

    Le Conseil a décidé de créer un comité de transition présidé par Mme Nancy Braun pour la période du 15/12/2018 jusqu'à l'entrée en fonction du nouveau Directeur (m/f). Mme Michèle Vallenthini est nommée suppléante.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen