D'Luuchte gi gedimmt an d'Museker vum Symphonieorchester kommen op d'Bühn. Si sëtze sech, stëmmen hir Instrumenter a waarden op den Dirigent. Mee firwat eigentlech? Si kënnen dach all Noute liesen, a spille scho jorelaang hiert Instrument. Firwat kënne si net einfach eleng spillen?
Froe wéi där ginn et der honnertdausend. Dacks traut ee sech awer net, se ze stellen.
Falls och Dir eppes hutt, wat Dir ëmmer schonn iwwer déi klassesch Musek wësse wollt, kënnt Dir iech mellen iwwer den Telefon 44 00 44 777 oder per Mail op fro@100komma7.lu, an eis Museksredaktioun mécht sech op d'Sich no der Äntwert a presentéiert hir Decouverte op der Antenn vum radio 100,7 an och an der Mediathéik.
Musical Consulting
Sopran ass net Sopran
D'Leit klappen, si begeeschtert obschonn d'Musek nach net fäerdeg ass. Elo grad huet eng Damm esou héich an esou virtuos gesongen, dat verdéngt einfach Applaus. D'Stëmm ass ee faszinant Instrument, mat deem sech Villes maache léist. An der klassescher Musek gëtt et bestëmmte Fächer fir d'Stëmm - eent vun den Themen vum Luc Boentges a Guy Engels.
Rezent Emissiounen
-
Vun Titelen, Bezeechnungen an Zifferen
Firwat ass an der Musek esou Villes op Italienesch?
-
Gesangskonscht op der grousser Bühn
Vun Oper, Operette a Musical
-
Wat ass eng Sonate?
Iwwer Formen a wéi ee sech net drun hält.
-
Vun Dirigenten an Dirigéieren
Wat mécht een Dirigent, a wéini ass en e gudden Orchesterchef?
-
Klangënnerscheeder
Vun der Opféierungsgeschicht an dem Choix vun den Instrumenter
-
Sopran ass net Sopran
Froe ronderëm d'Stëmm an de Gesang
-
Kammermusek oder Kammermusek?
Huet Kammermusek eppes mat enger Kummer ze dinn? Wou kennt se hier? Wéi grouss ka Kammermusek sinn?
-
Vu wéini un ass Musek klassesch?
Wann d'Museker schick ugedoe sinn an op d'mannst eng Gei matspillt. Oder?
Programm
-
Notturno
-
On air
Notturno
-
Samschdes-Magazin
-
Noriichten
-
Grousse Kino
Net verpassen
-
Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken
Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen