KomponistIn vum Mount

All Mount steet eng Komponistin oder ee Komponist am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a virun allem mat de ville Facette vum Wierk.

Scott Joplin

The Sting

De Scott Joplin steet ganz um Ufank vun der Entwécklung vum Jazz. Wou sech d'Musek weiderentwéckelt huet, ass de Komponist ëmmer méi an de Vergiess geroden. An dat wier och esou bliwwen, hätt de Regisseur George Roy Hill sech net dofir entscheet, Stécker vum Scott Joplin am Film "The Sting" ze notzen. De Luc Boentges werft mat der Filmexpertin Martine Reuter e Bléck op d'Roll vun der Musek am Film, awer och op d'Roll vum Film fir dem Scott Joplin seng Musek.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen