Invité vum Dag

En Interview iwwer en aktuelle Sujet. Invitéen aus alle méigleche gesellschaftleche Beräicher gi gefrot an hannerfrot.

Vincent Reding

Mat 26 Joer gëtt de Vincent Reding viraussiichtlech den nächste Buergermeeschter an der Majorzgemeng Weiler-la-Tour. Den deklaréierte CSV-Member géing domadder d'Mandat vun der Cécile Hemmen iwwerhuelen, déi bei de Wahlen de 14. Oktober als fënneft Gewielten net méi an d'Chamber gewielt gi ass. Fir iwwer de politesche Wiessel an der Gemeng Weiler-la-Tour ze schwätzen, iwwer politesch Verjéngung a grousse Parteien an iwwer d'Oppositiounspartei CSV, ass de Moien de Vincent Reding Invité beim Mick Entringer.

 

Rezent Emissiounen

  • Armand Drews

    Mam President vun der Federatioun vun de Kooperatiouns-ONG'en geet Rieds iwwert d'Ausriichtung vun der Lëtzebuerger Kooperatiounspolitik.

  • Enrica Pianaro

    Mat der Soziologin vum CIGALE geet rieds iwwert de Regierungsprogramm.

  • Dan Kersch

    Am Gespréich mam neien Aarbechts- a Sportminister iwwer d'Akzenter, déi hien a béide Ressorte setze wëllt.

  • Taina Bofferding

    E Gespréich mat der neier Inneministesch, déi an der Regierung och fir Gläichheet tëschent Fraen a Männer zoustänneg ass.

  • André Roeltgen

    Mir froen de President vum OGBL, wat seng Gewerkschaft bei de Sozialwahlen wëllt erreechen.

  • Cassie Adelaïde

    D'Asbl Passerell kritiséiert d'Immigratiounspolitik wéinst genitalen Ënnersichunge vu jonke Flüchtlingen a Retoure vu Flüchtlingen an Italien.

  • Claude Meisch

    Mir froen den Educatiounsminister, wat muss geschéie fir datt eise Schoulsystem méi gerecht gëtt? 

  • Christian Jung

    Zanter dräi Méint gëtt d'Coque um Kierchbierg vun engem ausgebilten Ekonomist geleet. Ännert sech doduerch eppes un der Ausriichtung vum nationale Sport- a Kulturzenter? 

  • Pascal Ricquier

    Kommissariater, Schichten a Carrièren: mam President vun der Policegewerkschaft SNPGL geet rieds iwwer konfliktuell Dossiere bei der Police.

  • Daniela Clara Moraru

    Déi nei Presidentin vun CSV International wëllt sech virun allem fir eng méi héich Participatioun vun Net-Lëtzebuerger um politesche Liewen asetzen. 

  • Isabelle Schlesser

    D'Direktesch vun der ADEM zitt de Bilan vun 2018? Wéi eng Erausfuerderunge stelle sech déi nächst Joren? Wéi bewäert d'Verwaltung de Koalitiounsaccord?

  • Marc Angel

    Mam zweet-gewielte bei der LSAP am Zentrum kucke mir zeréck op d'Chamberwahlen an no vir op d'Europawahlen.

  • Gilles Müller

    E Gespréich mam beschten Tennisspiller, deen dëst Land jee hat, iwwer seng (elo ofgeschlosse) Carrière an dat, wat dono kënnt.

  • Fernand Etgen

    E Gespréich mam neie Chamberpresident an éischte Bierger vum Land.
     

  • François Bausch

    De grénge Minister ass wéi bis elo zoustänneg fir d'Mobilitéit, déi ëffentlech Bauten. Nei Ressorte sinn d'Verdeedegung an d'Bannescht Sécherheet.

Programm

  • E-Lodie

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Noriichten

  • Moies-Magazin

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen