CD-Klassik

Nei Produktiounen aus dem klassesche Beräich a Suggestiounen fir Är Diske-Sammlung.

Bach op der Mondharmonika

Bei Komponiste wéi zum Beispill dem Johann Sebastian Bach oder dem Béla Bartók denkt een u Geien, Flütten a vläicht och un eng Celesta. Sécher awer net un eng Mondharmonika. Ufank 2017 hunn de Konstantin Reinfeld an de Pianist Benyamin Nuss ugefaange klassesch Stécker fir Mondharmonika ze transkribéieren an op d'Bühn ze bréngen. Elo koum hiren éischten Disk mam Titel "Debut" eraus, op deem een nieft de Komponiste Bach a Bartók och Improvisatiounen an Jazz fënnt.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen