CD-Klassik

Nei Produktiounen aus dem klassesche Beräich a Suggestiounen fir Är Diske-Sammlung.

Bach op der Mondharmonika

Bei Komponiste wéi zum Beispill dem Johann Sebastian Bach oder dem Béla Bartók denkt een u Geien, Flütten a vläicht och un eng Celesta. Sécher awer net un eng Mondharmonika. Ufank 2017 hunn de Konstantin Reinfeld an de Pianist Benyamin Nuss ugefaange klassesch Stécker fir Mondharmonika ze transkribéieren an op d'Bühn ze bréngen. Elo koum hiren éischten Disk mam Titel "Debut" eraus, op deem een nieft de Komponiste Bach a Bartók och Improvisatiounen an Jazz fënnt.

Rezent Emissiounen

  • Night Music

    Dorothee Oberlinger mat musikaleschen Deklinatiounen vun der Nuecht op der Blockflütt

  • Neies vum Bad Boy of Music

    Symphonië vum George Antheil

  • Mat zwee Féiss um Buedem

    De Vasily Petrenko interpretéiert dem Richard Strauss seng Musek Abseits vum Gewinnten an hëlt se domat nees zeréck op de Buedem.

  • Helden ouni Pathos

    De Vasily Petrenko dirigéiert Richard Strauss.

  • On The Trail

    D'CD op där de Gittarist Maciej Staszewski seng Evolutioun als Komponist bis 2018 veréiwegt, iwwerzeegt duerch hir Accessibilitéit.

  • Brahms-Symphonien vu Winterthur

    Déi véier Symphonien ënnert der Direktioun vum Thomas Zehetmair 

  • Something in Between

    Déi nei Sortie vum Trio Zadig iwwerzeegt mat engem Arrangement vum Leonard Bernstein senger West Side Story-Fantasie.

  • Dem Myslivecek säi Piano

    D'Clare Hammond an de Swedish Chamber Orchestra mat enger Intégrale

  • Mio caro Händel

    Den neien Album vun der Sopranistin Simone Kermes

  • Kaum bekannt Romantiker

    De Linus Roth an de BBC Scottish Symphony spille Wierker vu Lassen, Scharwenka a Langgaard.

  • Hugo Alfvén

    Am Kader vun enger Intégrale huet den Deutsches Symphonie-Orchester Berlin déi drëtt Sinfonie vum schwedesche Komponist agespillt.

  • Le Fil d'Ariane

    Dem Pietro Antonio Locatelli säi Barock an dem Alex Nante seng Zäitgenëssesch Visioun.

  • Wa Japaner chinesesch Klassik spillen

    Geieconcerti vum She Ye an dem Duo He Zhanhao/Chen Gang

  • En Debut, dee versprécht

    De Pianist Can Çakmur mat Wierker vu Bartók, Beethoven, Haydn, Sasaki, Say a Schubert

  • Dräimol Cello mat Orchester

    Op hirem aktuellen CD proposéiert d'Cellistin Anastasia Kobekina Wierker vun de Komponiste Schostakowitsch, Weinberg a Kobekin.

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen