CD-Klassik

Nei Produktiounen aus dem klassesche Beräich a Suggestiounen fir Är Diske-Sammlung.

Eng flott Entdeckung

Haut éischter onbekannt, zu senger Zäit ee vun de bedeitende Komponisten aus der fréier Klassik: Den Anton Zimmermann war um ungareschen Haff zu Bratislava engagéiert an e gudde Kolleeg vum Joseph Haydn. Béid Museker si sech ëmmer nees iwwer de Wee gelaf, well dem Haydn säi Patron, de Fürst Esterhazy, sech gutt mat der ungarescher Kroun wollt halen. Wéi sou dacks an der Museksgeschicht ass de Komponist aus dem hierarchesch méi klengen Haus Esterhazy haut nach e Begrëff, iwwerdeems dem ungaresche Kinnek säin Hausmuseker kaum nach genannt gëtt. Dat kéint sech allerdéngs mat enger neier Produktioun vun Harmonia Mundi änneren.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen