Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Ausstellung "Lost Places" zu Tréier

De Philipp Baumbach vun Tréier ass e sougenannten Urban Explorer. Hie fotograféiert eidel a verloosse Gebaier, dat wat ee Lost Places nennt. Dat kënnen eidel Fabrickhalen, eidel Haiser oder Katakombe sinn. Déi impressionnant Fotoe goufen an der Belsch, Frankräich, Lëtzebuerg an Däitschland realiséiert ginn. Den Ament ass eng Ausstellung mam Titel "Zerfall" mat Biller vum Philipp Baumbach am ale Vidan an der Saarstrasse zu Tréier ze gesinn. D'MS-Fondatioun Tréier presentéiert dës Expo, well de Philipp Baumbach selwer huet zanter sechs Joer Multiple Sklerose. D'Claudia Krell vum SWR mat Detailer.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen