Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Call for change Festival

"Education for social change" - Dat ass d'Leitmotiv, no dem d'Asbl 4motion zanter méi wéi 15 Joer zu Lëtzebuerg schafft. Elo huet si de Call for Change Festival an d'Liewe geruff. D'Iddi dohannert ass et, d'Aarbecht vu 4motion ze presentéieren an op Ongerechtegkeeten an eiser Gesellschaft opmierksam ze maachen. Vum 27. bis 30. November gëtt de Visiteure vum Festival eng Mëschung aus pädagogeschem a kulturellem Programm op verschiddenen Plazen zu Esch an an der Stad gebueden. D'Géraldine Raths mat Detailer.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen