Musical Consulting

Guy Engels Luc Boentges

D'Luuchte gi gedimmt an d'Museker vum Symphonieorchester kommen op d'Bühn. Si sëtze sech, stëmmen hir Instrumenter a waarden op den Dirigent. Mee firwat eigentlech? Si kënnen dach all Noute liesen, a spille scho jorelaang hiert Instrument. Firwat kënne si net einfach eleng spillen?
Froe wéi där ginn et der honnertdausend. Dacks traut ee sech awer net, se ze stellen.
Falls och Dir eppes hutt, wat Dir ëmmer schonn iwwer déi klassesch Musek wësse wollt, kënnt Dir iech mellen iwwer den Telefon 44 00 44 777 oder per Mail op fro@100komma7.lu, an eis Museksredaktioun mécht sech op d'Sich no der Äntwert a presentéiert hir Decouverte op der Antenn vum radio 100,7 an och an der Mediathéik.

Klangënnerscheeder

Wéi huet d'Musek viru Joerhonnerte geklongen? Firwat kann een Instrumenter an engem Stéck net belibeg austauschen? D'Klanggeschicht a wéi déi antëschent nei belieft gëtt, wéi se nei gekleet gëtt, dës Froe stinn am Mëttelpunkt. A grad wéi net jiddwerengem all Kleedungsstéck passt, passt och net all Instrument bei eng bestëmmte Kompositioun, well Kompositioune keng Wuere vun der Staang sinn. 

Rezent Emissiounen

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Ënnerwee

  • Noriichten

  • Trendscheif

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen