Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Randy Newman (75): e witzege, sarkasteschen, bëssegen a satiresche Songwriter (Foto: picture alliance/Photo Shot)

De grousse Satiriker ënner de Songwriter

An der amerikanescher Musekszeen feelt et sécher net u gudden Sänger, Pianisten a Songwriter, mee ënner deenen all ginn et der, déi een eraushiewe kann. An dozou zielt ouni Zweiwel de Randy Newman, bei deem een vun engem musikalesche Genie schwätze kann. De Randy Newman huet fir sech selwer geschriwwen, op där enger Säit bësseg Chansonen, op där anerer Säit Filmmusek fir déi hien schonn zwee Oscaren a sechs Grammye krut. Dernieft huet den Randy Newman och fir aner Kënschtler geschriwwen, fir d'BluesBrothers, de Joe Cocker, den Elvis Costello, d'Ella Fitzgerald, d'Doobie Brothers an nach eng 30 weider Artisten. De Randy Newman feiert haut säin 75. Anniversaire. De Jean Claude Majerus mat engem Portrait.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen