CD-Klassik

Nei Produktiounen aus dem klassesche Beräich a Suggestiounen fir Är Diske-Sammlung.

E fiederliicht Musizéieren

Nodeems d'Münchner Symphoniker schonn d'Symphonien Nummer 4 a 7 vum Franz Schubert erausbruecht hunn, gëtt et elo eng weider CD-Produktioun an dësem neien Zyklus: d'Symphonien Nummer 5 a 6. De Chefdirigent vun de Münchner Symphoniker, de Kevin John Edusei, proposéiert eng Lecture vun dëse Schubert-Partituren, déi Referenzcharakter kéint kréien.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen