Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

30 Joer Galerie Clairefontaine

Den 1. Dezember 1988, deemno viru genee 30 Joer, huet d'Marita Ruiter hir Galerie Clairefontaine zu Lëtzebuerg opgemaach. Ugangs huet si klassesch modern Moler aus hirer Heemecht Éisträich gewisen, mëttlerweil ass si éischter bei zäitgenëssesche Kënschtler, organiséiert all Hierscht de Foto-Festival Photomeetings a publizéiert verschidde Fotobicher. Sou zum Beispill d'"Luxembourg portraits". En neie Volume ass fir den 1. Dezember geplangt. Explikatioune vum Kerstin Thalau.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen