Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Reggae-Musek op der UNESCO-Lëscht vum immaterielle Patrimoine

D'Kulturorganisatioun vun de Vereente Natiounen UNESCO huet op hirer Reunioun op Mauritius déi jamaikanesch Reggae-Musek op d'Lëscht vum immateriellen Kulturierwen vun der Mënschheet opgeholl. De Sound vun dësem Museksgenre kënnt lëschteg a souzesoe ouni Suergen eriwwer, an awer sinn Theme wéi sozial Ongerechtegkeeten a politesch Aussoe markant Charakteristiken vun den Texter vu Reggae-Gréisste wéi Bob Marley, Peter Tosh oder Jimmy Cliff. De Jean Claude Majerus huet mam 100,7-Musekredakter Yves Stephany iwwert d'Unesco-Decisioun geschwat.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen