Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

"Alles kann passieren": d'Sprooch vu rietse Politiker am Theater

Am Akademietheater zu Wien gouf et leschte Mëttwoch eng méi speziell Virstellung. Ënner dem Titel "Alles kann passieren. Ein Polittheater" sinn d'Aussoe vu rietspopulisteschen a rietsextreme Politiker aus Europa virgelies ginn. Ënner den Zuschauer war och de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn. Den 100,7-Korrepondent Stephan Polet huet mam Florian Klenk, engem vun den Auteure iwwer d'Theaterstéck an d'Sprooch vu rietse Politiker geschwat.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen