Musek am Gespréich

Guy Engels Manuel Ribeiro Luc Boentges

Et entstinn ëmmer erëm nei Initiativen, während gläichzäiteg al Formater a Fro gestallt ginn. Lëtzebuerger Museker doen ëmmer nees mat neie Projete vu sech schwätzen a Weltstare visitéieren a reegelméissegen Ofstänn de Grand-Duché. E variabelt Format fir alles dat, wat déi klassesch Musek zu Lëtzebuerg ubelaangt, gekoppelt mat der passender Musek.

Danielle Igniti © Audrey Somnard

Danielle Igniti, Direktesch vum Kulturzenter OpderSchmelz

De Kulturzenter OpderSchmelz steet elo eng gutt zéng Joer zu Diddeleng. Zanterdeem konnt d'Kulturoffer an der Minettmetropol erweidert an och professionaliséiert ginn. Eng wichteg Roll an deem Ganzen spillt Danielle Igniti, Direktesch vum Kulturzenter, déi am Februar 2019 a Pensioun geet. De Manuel Ribeiro huet d'Danielle Igniti getraff, fir iwwert verschidden Aspekter vun der Kulturpolitik vun der Minettstad ze schwätzen.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen