Riicht eraus

Eng Stonn Hannergrondinformatioun: en Invité steet Ried an Äntwert zu der Aktualitéit.

Besteierung ouni Grenzen?

D'Betribsbesteierung läit aktuell bei 26 Prozent. D'Patronat fuerdert en Eenheetstaux vun 21 Prozent fir d'Kompetitivitéit vun de Betriber ze stäerken.

Am Kampf géint de Steierdumping mécht d'EU Drock, ënner anerem op de Grand-Duché, fir nei Reegele bei der Besteierung vu Konzerner anzeféieren. Drock kënnt och vun den Nopeschlänner, déi, wéinst de ville Grenzgänger, een Deel vun de Steierrecettë wëllen akasséieren.
Iwwer déi Themen diskutéieren de President vum Wirtschafts- a Sozialrot (CES) Marco Wagener an de Jean-Jacques Rommes, Patronatsvertrieder am CES.
Moderatioun: Carole Schimmer

Rezent Emissiounen

  • François Biltgen

    Mam fréieren CSV-Minister an zanter 2013 Riichter um Europäesche Geriichtshaff gëtt de Fonctionnement an d'Roll vun der europäescher Cour de Justice ënner d'Lupp geholl.

  • Fënnef Deeg nom État de la Nation - ee Joer no de Wahlen

    Eng Analys an en Tëschebilan. Et diskutéieren: d'DP-Presidentin C. Cahen, den UEL-President N. Buck, de Klima-Aktivist P. Polfer an d'Land-Journalistin J. Hansen.

  • Alternativen zum Auto sinn dee richtege Wee

    C. Reuter, Mobilitéitsministère; M. Jacquemin, Les amis du rail Halanzy Luxembourg; C. Liesch, Comité des usagers a Verkéiersverbond; F. Golin, Aktiounsgrupp AGIRR.

  • Wiele kënnen, sollen, mussen? 100 Joer allgemengt Wahlrecht

    Invitée sinn déi fréier DP-Politikerin a laangjäreg Deputéiert Colette Flesch, d'Historikerin Renée Wagener an de Journalist Romain Hilgert. Moderatioun: Maurice Molitor.

     

  • Jean-Claude Hollerich

    Wéi eng Visioun fir déi Kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg? De Lëtzebuerger Äerzbëschof gëtt Äntwerten op déi aktuell Erausfuerderungen?

  • Virum Doud: Gëtt de Wëlle vum Patient respektéiert?

    Zéng Joer nom Euthanasie-Gesetz. Et diskutéieren: Jean-Jacques Schonckert (Mäi Wëlle, mäi Wee), Dr. Romain Stein (Collège Médical), Christine Dahm (Omega 90).

  • Martina Holbach

    Iwwert 30 Joer laang engagéiert d'Martina Holbach sech bei Greenpeace Lëtzebuerg fir Ëmwelt- a Klimaschutz. Mir schwätze mat hir iwwert déi ekologesch Erausfuerderunge vun eiser Zäit.

  • Xavier Bettel

    No den Europawahlen: Wéi geet et virun an der EU? Froen un de Staatsminister.

  • D'Zukunft vun der EU

    Wéi muss d'EU opgestallt sinn, fir op global Defien ze reagéieren? Et diskutéiere KandidatInne vun den 10 Parteien, déi am Land bei den Europawahlen untrieden.

  • Stress an der Schoul

    Wéi ausgebrannt si Schüler, Enseignanten an Elteren?

  • EU-Korrespondenten iwwer d'Europawahlen

    Mam Cécile Ducourtieux (Le Monde), Quentin Dickinson (Radio France), Oliver Grimm (Die Presse) a Camille-Cerise Gessant (Agence Europe)

  • Roy Reding (ADR)

    Den ADR-Politiker hält d'nächst Woch mat sengen Aktivitéiten als Affekot op: iwwer d'Grënn schwätze mir mam Roy Reding a "Riicht eraus".

  • Marie-Josée Jacobs

    Mat der Presidentin vu Caritas Lëtzebuerg geet et ëm d'Roll vun der kathoulescher ONG, d'sozial Kohäsioun, d'CSV an ëm hir politesch Carrière.

  • Ass Bio logesch?

    Et diskutéieren de Landwirtschaftsminister Romain Schneider, de President vun der Landwirtschaftskammer Guy Feyder an de Bio-Bauer Tom Kass.

  • Dan Kersch

    Mam neien Aarbechts- a Sportminister geet et ëm d'Sozialwahlen, d'LSAP a säi politesche Parcours

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen