Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

Annemie Osborne, Françoise Tonteling a Mich Mootz

Shéhérazade fir Trio

Nom Projet "Julia goes Mercutio" schafft den Trio Françoise Tonteling (Piano), Annemie Osborne (Cello) a Mich Mootz (Vibraphon) un engem neie Projet. Dës Kéier daucht den Trio an d'Welt vun der Fantasie an de Märercher mat exoteschem Flair an. Déi gewalteg symphonesch Dichtung "Shéhérazade" vum Nikolai Rimsky-Korsakov fir groussen Orchester huet den Trio fir sech fräi arrangéiert. "Shéhérazade au pays des merveilles" ass den 3. Dezember 2018  am Kammermusekssall vun der Philharmonie ze héieren. De Manuel Ribeiro huet den Trio am Stater Conservatoire an enger Prouf getraff.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Sozialwahlen 2019

    Den 12. Mäerz ware Sozialwahlen. A ronn 3.800 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, goufen d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer goufen nei gewielt.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen