Klassik-CD vun der Woch

Am klassesche Beräich gëtt vill verëffentlecht. Awer nach laang net alles ass gutt a relevant. D'Museksredaktioun sicht déi wichtegst Verëffentlechungen eraus a proposéiert all Woch een CD, deen erausstécht.

Zwilling vum Boléro

Mir sinn an den 20er Joren, déi dacks als déi gëlle Jore verkläert ginn. Nom Éischte Weltkrich a just virun der grousser Weltwirtschaftskris mécht sech eng gewëss Insousiance breet, d'Loscht, d'Liewen ze genéissen an Neies auszeprobéieren. Dat gëllt och fir d'Musek, wou ee probéiert vun deenen tradéierte Formen a Kläng fortzekommen. A Frankräich mécht dat de Groupe des Six, Komponisten, deenen hir Fantasie keng Grenze kennt. Ee vun hinnen ass den Darius Milhaud. 1928 ass d'Uropféierung vu sengem Ballet "La bien-aimée", an deem e mechanesche Piano matmécht. Deeselwechten Owend huet och dem Ravel säin "Boléro" Premiére. De "Boléro" ass haut ee Klassik-Hit, "La bien-aimée" war ganz an de Vergiess geroden a gouf elo erëm entdeckt. 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Sozialwahlen 2019

    Den 12. Mäerz ware Sozialwahlen. A ronn 3.800 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, goufen d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer goufen nei gewielt.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen