Metal Meltdown

David Wagner

Eisen Hausmetaller David Wagner presentéiert Neiegkeeten aus der lokaler Metalzeen, Interviewe mat nationalen an internationale Museker, Album-Kritiken a Reviewe vu Concerten. Déi haartsten Emissioun um radio 100,7, Helm a Gurt si Pflicht!

Skull Pit

Release vun der Woch: Skull Pit - Skull Pit (6/10)

Skull Pit, sou nennt sech eng nei Band vum Tatsu Mikami vun Church of Misery a vum Mem von Stein vun Exumer, déi sech online kennegeléiert hunn an doropshin entscheet hunn en neie gemeinsame Projet ze starten. Mee den Debutalbum mam selwechten Numm kléngt net wierklech nom Old-School Thrash Metal, deen ee vun Exumer kennt, bzw nom "Doom" vun Church of Misery. Vill méi huldegen déi zwee Museker an hirem neie Projet dem Rock n Roll, dat natierlech mat engem gesonde Mooss u Stol.

Datt dobäi eppes erauskënnt, dat liicht un d'New Wave of British Heavy Metal erënnert, ass normal, war dat dach deemools schonn d'Rezept vun de Bands, déi dee Genre agefouert hunn. Mee et ass awer virun allem eng Band, där bei Skull Pit all Éier gemaach gëtt, nämlech Motörhead. Virun allem gëtt dat duerch déi rotzeg Produktioun an dem Mikami sengem dreiwenden a gallopéierende Bass däitlech.

Leider ass dat awer och sou zimlech alles, wat Skull Pit kann. Déi meescht Stécker kommen trotz der Erfarung vun de Bandmemberen net un aner Bands mat ähnlechem Stil erun. Doriwwer eraus mierkt een iergendwéi och, datt d'Musker ni wierklech zesumme gejammt hunn an ni gemeinsam an enge Proufraum waren. Et héiert een, datt et alles Iddie sinn, déi online ausgetosch a separat vuneneen opgeholl goufen. Den Album wierkt bëssen unenee gepecht, zwar mat ville gudden Usätz, awer ouni vill Zesummenhang an Atmosphär.

Ee schlechten Album ass Skull Pit awer och net, e léisst sech net schlecht lauschteren, e geet gutt virun a plazeweis gëtt een och zolidd matgerappt.

Fir mäi Goût sinn awer, wéi gesot, net genuch Iwwerraschungsmomenter an net genuch Dynamik um Album fir e wierklech an d'Top-Rotatioun ze geheien.

Playlist

  1. Iron Maiden - Powerslave
  2. Thy Art Is Murder - Death Perception
  3. Accept - Shadow Soldiers
  4. Dust Bolt - Dead Inside
  5. Farmer Boys - Faint Lines
  6. Skull Pit - Fire Breather
  7. Aenimus - Before The Eons
  8. Annisokay - Escelators
  9. Currents - Ino Despair
  10. Atomic Rocket Seeders - New Age Role Models
  11. Long Distance Calling - Out There

Rezent Emissiounen

  • Decipher & Leprous

    Léiert déi jonk progressive Band Decipher kennen a lauschtert de Review vum neie Live Album vu Leprous, Live At Rockefeller Music Hall.

  • Nailed To Obscurity & Ranger

    Am Interview ass déi relativ jonk däitsch Band Nailed To Obscurity an am Review den neien Album vu Ranger.

  • Debutalbum vun Decipher

    Den Debutalbum vun Decipher ass dës Woch am Review.

  • Inzest & Fire

    Déi nei Lëtzebuerger Band Inzest am Interview an am Review eng Duebel-Single vun enger onbekannter Band aus Däitschland, déi sech Fire nennt.

  • Opeth, Inzest & Primordial

    Interview mam Frontmann a Mastermind vun der Band Opeth, dem Mikael Akerfeldt, eng nei Lëtzebuerger Band an en neien Album vu Primordial.

  • Bang Your Head, Sleepers' Guilt & Metallica

    E Réckbléck mam Ken Pletschet op zeng Joer Bang Your Head an der Kufa an den neie Metallica Album.

  • Hammerfall, In Flames, Vader & Kraton

    Am Interview déi schwedesch Heavy Metal Bad Hammerfall, am Review sinn déi nei Albume vun In Flames a Vader.

  • Sonic Visions, Hammerfall & Crowbar

    En Interview iwwert de Sonic Visions an e Review iwwert déi nei Albume vun Hammerfall a Crowbar.

  • Korn, Scarred, Testament & Dark Tranquillity

    Am Interview ass dës Kéier d'Band, déi den Nu Metal mat gegrënnt huet an d'lescht Woch hiren neisten Album erausbruecht hunn: Korn

  • Rock Tools, Serpentine Dominion & Korn

    Wéi séngt een am Metal richteg, ouni seng Stëmm futti ze maachen? Dat gi mer an de Rock Tools gewuer. Am Review si Serpentine Dominion a Korn.

  • Dark Tranquillity, Meshuggah & Kitshickers

    Déi schwedesch Kultband kann een net nëmme lauschteren ... mee och anescht genéissen!

  • Wacken, Asphyx, Scarlet Anger & Desdemonia

    De weltwäit gréisste Metal-Festival "Wacken Open Air" kuckt elo schonns op déi nächsten Editiounen an op weider Nieweprojeten.

  • Equilibrium & Opeth

    Déi däitsch Folk Metal Band Equilibrium am Interview an am Review ass den neien Opeth Album "Sorceress".

  • Testament, Calypso's Call & Fusion Bomb

    Keng Ballad um neien Testament Album. Dat huet de Gittarist Alex Skolnick am Interview vun dëser Woch bestätegt.. Donieft d'Debut-EP vu Fusion Bomb.

  • Fusion Bomb & Devin Townsend Project

    Et ass Anger Fest-Zäit! Haut mat der jonker Formatioun 'Fusion Bomb', déi an der Kufa hir Debut-E.P. 'Pravda' presentéiert!

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen