Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

Ragna Schirmer (l), Janina Klassen (r) (Foto: Andreas Fux)

"Sie wollte mit ihrem Mann zusammen eine Künstlereinheit sein"

Schonn zanter den 80er Jore beschäftegt sech Janina Klassen mat der Clara Schumann. Am Ufank waren et d'Kompositiounen, déi d'Musekswëssenschaftlerin am meeschten interesséiert hunn. Spéider sinn déi biographesch Aspekter dobäi komm, déi d'Janina Klassen an der Biographie "Clara Schumann: Musik und Öffentlichkeit" publizéiert huet. Fir d'Beschäftegung mat der Virtuosin a Komponistin kritt d'Janina Klassen de Robert-Schumann-Präis 2019 vun der Stad Zwickau. Dëse Präis deelt sech d'Musekswëssenschaftlerin mat der Pianistin Ragna Schirmer.

De Luc Boentges huet mat der Janina Klassen iwwer hir Recherchen, d'Roll vun de Fraen an der Museksgeschicht an d'Clara Schumann geschwat.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Sozialwahlen 2019

    Den 12. Mäerz ware Sozialwahlen. A ronn 3.800 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, goufen d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer goufen nei gewielt.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen