Musical Consulting

Guy Engels Luc Boentges

D'Luuchte gi gedimmt an d'Museker vum Symphonieorchester kommen op d'Bühn. Si sëtze sech, stëmmen hir Instrumenter a waarden op den Dirigent. Mee firwat eigentlech? Si kënnen dach all Noute liesen, a spille scho jorelaang hiert Instrument. Firwat kënne si net einfach eleng spillen?
Froe wéi där ginn et der honnertdausend. Dacks traut ee sech awer net, se ze stellen.
Falls och Dir eppes hutt, wat Dir ëmmer schonn iwwer déi klassesch Musek wësse wollt, kënnt Dir iech mellen iwwer den Telefon 44 00 44 777 oder per Mail op fro@100komma7.lu, an eis Museksredaktioun mécht sech op d'Sich no der Äntwert a presentéiert hir Decouverte op der Antenn vum radio 100,7 an och an der Mediathéik.

Vun Dirigenten an Dirigéieren

Den Dirigent trëtt op de Podium, hieft seng Baguette, a scho geet d'Musek lass. Firwat kënnen d'Museker net eleng ufänken, iwwerhaapt eleng spillen? Firwat muss do ee Mann oder eng Fra stoen, just fir den Takt ze schloen? Am Concert gesäit e just d'Resultat vun de Prouwen. Wat virdru geschitt, wat een Dirigent alles muss kënnen, fir datt et iwwerhaapt e Concert gëtt, dorëms geet et haut a Musical Consulting.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen