Papperlapop

Jamie Reinert

Tirangsdenke war gëschter. Genren a Stiler spillen ëmmer manner eng Roll an der Musek. An enger Welt, déi sech séier verännert ass alles erlaabt. Den Jamie Reinert guidéiert Iech duerch den Dschungel vun Tendenzen, schwätzt mat Museker, Labelen a Kritiker a geet de Saachen op de Fong.

John Parish

John Parish & Tom Bridgewater

Hien ass net nëmmen déi riets Hand vum PJ Harvey, mee stécht hanner Produktioune vu Sparklehorse bis hin zu This Is The Kit. Am Summer koum donieft seng nei Solo-Plack "Bird Dog Dante" eraus. Den Jamie Reinert ënnerhält sech mam John Parish iwwer seng Produktiounsphilosophie an d'Magie vum Songwriting.

Den zweeten Invitée ass den Tom Bridgewater. De Mann hanner dem Americana Label Loose Music, deen zu London baséiert ass. Wéi ass hire Selektiounsprozess a wat fir en Impakt wäert de Brexit op de Betrib hunn. Äntwerte ginn et am Papperlapop.

Playlist:

  1. John Parish - Rachel (Bird Dog Dante, 15.06.2018 - Thrill Jockey Records)
  2. John Parish - Sorry For Your Loss (Bird Dog Dante, 15.06.2018 - Thrill Jockey Records)
  3. John Parish - The First Star (Bird Dog Dante, 15.06.2018 - Thrill Jockey Records)
  4. Sturgill Simpson - Turtles All The Way Down (Metamodern Sounds In Country Music, 13.05.2014 - Loose Music)
  5. Israel Nash - The Widow (Lifted, 27.07.2018 - Loose Music)
  6. Courtney Marie Andrews - May Your Kindness Remain (May Your Kindness Remain, 23.03.2018 - Loose Music)
  7. Brendan Eder Ensemble - Purple (Single, 17.11.2018 - self-released)
  8. Ali Hassan Kuban - Hanwil Tanza (From Nubia to Cairo, 16.11.2018 - Piranha Records)

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen