Kannerbicher fir Niklosdag

Et muss net ëmmer elektronescht Spillgezei sinn, de Kleeschen kann och emol e Buch bréngen. De radio 100,7 stellt bis de 6. Dezember nei, flott, edukativ a spannend Kannerbicher vir, déi ee sech bestëmmt och beim Kleesche ka wënschen.

"De Schmunzel", eng kosmesch Geschicht ronderëm e Steen.

"De Schmunzel": e Stee mat Gefiller

E weidert Kannerbuch, dat mir Iech elo just viru Niklosdag presentéieren ass vum Jhemp Hoscheit. Den Auteur ëmschreift säi Buch och als eng kosmesch Geschicht, an där d'Déieren aus dem Bësch, Wëssenschaftler an e Steen am Mëttelpunkt stinn. Detailer vum Jean Claude Majerus.

Rezent Emissiounen

  • "De Schmunzel": e Stee mat Gefiller

    Eng "kosmesch" Geschicht vum Jhemp Hoscheit, an där d'Déieren aus dem Bësch, Wëssenschaftler an e Steen am Mëttelpunkt stinn.

  • Elmer, de Patchwork-Elefant

    E rassistesche Virfall an der Strooss, deen den David McKee mat senger klenger Duechter gesinn huet, war dem briteschen Kannerbuchauteur seng éischt Inspiratioun.

  • Déi kleng Prinzessin: Ech wëll eng Gutt-Nuecht-Geschicht

    E Billerbuch fir déi klengst ënner eise Kanner vun dräi Joer un

  • Wooow Lëtzebuerg

    D'Buch vum Thomas Schoos a Keong A-Song huet d'lescht Woch de Lëtzebuerger Buchpräis 2018 an der Kategorie Kanner- a Jugendbuch gewonnen hunn.

  • So mol, Lobo!

    Kommunikatioun - en aktuellt Thema an all hire Formen. Fir Kanner net ëmmer einfach ... En neit Kannerbuch vun der Christiane Kremer an dem Vincent Biwer.

  • Bim & Anna

    An der éischter publizéierter, illustréierter Geschicht vun der Olga Reiff geet et ëm kleng sinn a sech scho ganz grouss fillen. 

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter.png

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen