Fräie Mikro

radio 100,7

Mir informéieren Iech, datt eis Rubrik "Fräie Mikro" vun der Rentrée un, dëse 16. September, virleefeg suspendéiert ass.

D'Meenungsvilfalt an den Accès vun der Zivilgesellschaft op eis Antenn si fir eis wichteg a wäerte sech och an Zukunft an eisem Programm zeréckspigelen. Mir schaffen un engem neie Konzept, deen dem "Fräie Mikro" eng nei a méi kohärent Plaz an eisem Programm gëtt.

De Weltbildungsbericht 2019: Brécke bauen amplaz Maueren

Vill vun deene Mënschen, déi hir Heemecht musse verloossen, si gebilt an ausgebilt, allerdéngs dacks an enger anerer Sprooch oder Schrëft. Wa mir si wëllen an eis Gesellschaft integréieren, hir d'Wëssen notzen, musse mir duerch eng ugepasste Bildungs- an Ausbildungsoffer hinne Chancë ginn, déi leschten Enns och eis ze gutt kommen. "Brécke baue statt Maueren" ass d'Zilsetzung vum Weltbildungsbericht vun 2019.

E Fräie Mikro vun der Simone Beck.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

    • Invité am Moies-Magazin - D'Marlène Kreins impressionéiert den Impressionist Dominique Lang

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen