Mir Klengbierger

Thierry Simonelli

Den Thierry Simonelli beliicht de Klengbiergertum an all senge Facetten, dat vu sengem Entstoen, iwwer seng Entwécklung bis an eis aktuell Gesellschaft, wou de Klengbierger nawell nach laang net verschwonnen ass.

Wie sinn d'Klengbierger? En Iwwerbléck

Den Numm ass kee Kompliment: Klengbierger, am Géigesaz zu den sougenannten Mëttelklassen oder Mëttelschichten, ass en Diminutiv. Kleng Bierger si mannerwäerteg Bierger, déi gären esou wären oder gären esou maache wéi déi Grouss. An dat heescht och: Klengbierger sinn dat wat eigentlech kee si wëllt. Virun allem net d'Klengbierger selwer. Am 19. Joerhonnert gouf virausgesot, d'Klengbierger géifen als sozial Klass verschwannen. Mee an den 1970er Joren huet den Hans Magnus Enzensberger festgestallt, dat d'Klengbiergertum, ganz am Contraire, an de westlechen Gesellschaften déi kulturell Virherrschaft iwwerholl huet.

Rezent Emissiounen

  • D'Politik vun de Klengbierger

    D'Politik vun de Klengbierger ass net esou liicht ze faassen, wéi et de Stereotyp vum konservative Spießbürger schénge léisst.

  • D'Sozialpsychologie vum Klengbierger

    Als Kanner an enger Klengbiergerfamill gi mir grouss mam séchere Gefill, dat mir eppes Besseres gi solle wéi eis Elteren.

  • D'Séil vun de Klengbierger

    Als Klengbierger gëtt een net gebuer, zum Klengbierger gëtt ee gemaach. An dobäi spillen net nëmmen ekonomesch Facteuren eng Roll.

  • Déi nei Klengbierger

    Am 20. Joerhonnert ginn déi traditionell Klengbierger méi seelen. Nei Aarten hu sech ausgebilt, déi virun allem an den Déngschtleeschtungs- a Verwaltungsberuffer aktiv sinn.

  • Eng kuerz Geschicht vum Klengbiergertum

    Klengbierger waren net nëmme Spiisser, mee haten och e puer interessant sozial, ekonomesch an esou guer politesch Charakteristiken.

  • Klengbierger an der Kritik

    Dat éischt Gebot vum Klengbierger ass alles ze maachen, datt een him de Klengbierger net umierkt. An dat bedeit dacks eng haart Aarbecht um äusseren Erscheinen.

  • Wie sinn d'Klengbierger? En Iwwerbléck

    Den Numm ass kee Kompliment: Kleng Bierger si mannerwäerteg Bierger, déi gären esou wären oder gären esou maache wéi déi Grouss.

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen