En Interview iwwer en aktuelle Sujet. Invitéen aus alle méigleche gesellschaftleche Beräicher gi gefrot an hannerfrot.
Invité vum Dag

Etienne Schneider
Den alen an also och neie Vize-Premier a Wirtschaftsminister ass gewëss erliichtert iwwer d'Zoustëmmung vun der sozialistescher Basis zum Koalitiounsaccord. Mee hie wäert sech nawell seng Gedanke maachen iwwer den Zoustand vun der LSAP, iwwer d'Ursaache vun hirem schlechte Wahlresultat, hir Perspektive fir d'Zukunft an déi dofir noutwendeg inhaltlech a personell Erneierung. De Maurice Molitor probéiert e puer vun deene Gedanke gewuer ze ginn.
Rezent Emissiounen
-
Serge Hoffmann
Mir froen de Vizepresident vum Gemengesyndikat Syvicol, firwat vill Gemenge Schwieregkeeten hu fir hire Bebauungsplang auszeschaffen.
-
Camille Schroeder
Mir froen de President vun der Bauerenallianz, wéi d'Landwirtschaft sech wëllt um Klimaschutz bedeelegen.
-
Semiray Ahmedova & Chantal Gary
Mat den zwou neie gréngen Deputéierte geet ënner anerem rieds iwwer d'Schwéierpunkten, déi si an der Chamber wëlle setzen.
-
Laura Zuccoli
Mir froen d'Presidentin vun der ASTI, wéi d'Roll vun der Auslännerorganisatioun sech an de leschte 40 Joer geännert huet.
-
John Marshall
De briteschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg iwwer déi neist Entwécklungen am Dossier Brexit.
-
Paul Lorenz
Mam neien ALIA-Direkter geet rieds iwwer d'Missiounen an d'Aarbecht vun der Autorité luxembourgeoise indépendante de l'audiovisuel.
-
Marc Angel
Den nach-nationale-ma-geschwënn-europäeschen-Deputéierten iwwer de Brexit an d'Start-Schwieregkeete vun der Kommissioun von der Leyen.
-
Oliver Paasch
E Gespréich mam Ministerpresident vun der däitschsproocheger Gemeinschaft, där klengster vun den dräi Communautéiten an der Belsch.
-
Henri Kox
Den neie Logementsminister schwätzt iwwer soziale Wunnengsbau, d'Reform vum Pacte Logement a seng eege politesch Carrière.
-
Cindy Tereba
Wat bréngt d'Staatsvisite vum belsche Kinnek der Wirtschaft? Dat froe mir Direktesch vun den internationale Relatiounen an der Chambre de Commerce.
-
Pierre Gramegna
No der Budgetsried froe mir de Finanzminister, wéi vill Sputt seng Regierung huet fir eng Steierreform ëmzesetzen?
-
Ferdy Adam
Wéi vill finanzielle Spillraum huet d'Regierung am Moment? Dat froe mir de Ferdy Adam vum Statec, éier de Finanzminister säi Budgetsprojet presentéiert.
-
Patrick Dury
De President vum LCGB iwwer dem Premier seng Ried zur Lag vun der Natioun
-
Christiane Brassel-Rausch
Mir froen déi nei Buergermeeschtesch vun Déifferdeng, wéi si, no der Affär ronderëm de Roberto Traversini, nees Rou wëllt an d'Gemeng bréngen.
-
Martine Hansen
Den Dag nom Etat de la Nation: d'Reaktioun vun der Presidentin vun der gréisster Oppositiounsfraktioun an der Chamber.
Net verpassen
-
Live aus der Philharmonie
De Franz Schubert an den Gioacchino Rossini: Béid Komponisten hunn der Musekswelt Wierker hannerlooss, déi si net méi fäerdeg kruten. Dat ass de roude Fuedem vum Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg en Donneschdeg, den 12. Dezember 2019, deen de radio 100,7 vun 20:00 Auer u live aus der Philharmonie iwwerdréit.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen