Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

"Of Mines and Men" a "Pulse"

Nieft de sëllechen Déngschter an de ville Concerte gëtt d'Militärmusek dacks vun Editeure gefrot, fir Diske mat neie Stécker opzehuelen. "Of Mines and Men" a "Pulse"  heeschen zwou nei Produktioune vun der Militärmusek. De Manuel Ribeiro huet sech mam Dirigent, dem Majouer Jean-Claude Braun, ënnerhalen.

Rezent Emissiounen

  • "Then and there, here and now"

    De Vokalensemble "Chanticleer" ass en Donneschdeg (24.1.2019) am Stater Conservatoire.

  • Jazzy Flutes

    Concert en nächste Freideg (25.1.2019) am Stater Conservatoire

  • "Madame, mir hun Iech gär !"

    Eng Kantat vum Pierre Nimax Sr. no engem Text vum Gil Mandy beschreift déi verschidden Etappen am Liewe vun der Grande-Duchesse Charlotte

  • Visiting Spain

    Am Kader vu senger Serie "Crossing Europe" invitéiert den Orchestre de Chambre du Luxembourg op eng musikalesch Rees a Spuenien.

  • Zwee Spéitromantiker

    De Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg muer Freideg (18.1.2019) live aus der Philharmonie mat Wierker vu Strauss an Elgar

  • D'Gewënner si bekannt

    D'Laureate vun den International Classical Music Awards 2019

  • De Mario Häring

    De jonke Pianist trëtt am Kader vum Programm Rising Stars an der Philharmonie op.
     

  • D'Bande d'Hautbois

    Concert-apéritif vun den Amis de l'OPL

  • "Ich bin Claudio"

    Viru fënnef Joer ass de Claudio Abbado gestuerwen.

  • Dräimol Medea

    D'Oper "Medée" vum Luigi Cherubini gëtt mat zwee anere Wierker zu Saarbrécken konfrontéiert.

  • De Fauré Quartett

    Concert zesumme mam Kontrabassist Nabil Shehata am Escher Conservatoire (19.1.2019)

  • "Fir all Pianist ass den Debussy en immens wichtege Komponist"

    D'Co-Curatrice Cathy Krier gëtt en Abléck an d'Programmatioun vum Pianofestival Deubssy +.

  • "Ech erziele gäre Geschichten"

    D'Sopranistin Ulrike Hofbauer an den Ensemble &cetera fir den Optakt vun de Rencontres musicales de la Vallée de l'Alzette

  • L'Europe baroque

    Den Ensemble de la Chapelle Saint-Marc invitéiert op eng musikalesch Rees duerch Europa.

  • Spigel vun enger lieweger Musekszeen

    De Quattropole Musekspräis

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen