CD-Klassik

Nei Produktiounen aus dem klassesche Beräich a Suggestiounen fir Är Diske-Sammlung.

Eng Hymn op d'Konscht

Direkt mat senger éischter Sinfonie stellt sech den Alexander Skrjabin an eng Linn mat de grousse Symphoniker aus dem 19. Joerhonnert. Et ass e Wierk fir Orchester, Chouer, Mezzo-Sopran an Tenor an deem hie seng "Hymn op d'Konscht" vertount huet. Dëst Wierk kombinéieren de Vasily Petrenko an den Oslo Philharmonic Orchestra mam Skrjabin senger Toundichtung "Prometheus: Le poème du feu".

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen