ZäithistorikerIn

Denis Scuto Vincent Artuso Jacques Maas

Wéi gëtt d'Geschicht vun der Interpretatioun beaflosst? De Vincent Artuso, den Denis Scuto an d'Renée Wagener analyséiere Schlësselevenementer aus eiser Geschicht: d'Aktualitéit vu gëschter an hir Konsequenzen op d'Aktualitéit vun haut.

50 Joer Mouvement Ecologique

Den Zäithistoriker Denis Scuto kënnt, an engem perséinlech-historesche Bäitrag, zeréck op d'Entstoe vum Mouvement écologique, am Kader vun de laange 1960er Joren vun den neie soziale Beweegungen.

Rezent Emissiounen

  • Déi qualvoll Gebuert vum moderne China

    D'Volleksrepublik huet zu Peking 70 Joer gefeiert. Dee Gebuertsdag verstoppt en aneren, dee vum Ufank vun den Opiumkricher, d. h. vun der qualvoller Gebuert vum moderne China.

  • De Schrëftsteller, den Historiker an d'Migratiounen: "Leonardo" vum Jean Portante

    Wann en Historiker en historesche Roman liest, kann en an d'Schwärme kommen fir d'Fräiheeten, déi de Schrëftsteller sech huele kann.
     

  • D'Frae gi wielen

    28. September 1919: Fraen a Männer musse sech a sengem Referendum fir d'Zukunft vum Grand-Duché entscheeden.

  • Enttäuscht Hoffnungen vun der Liberatioun

    Virun 10 Deeg war et 75 Joer hir, datt alliéiert Zaldoten zu Péiteng an d'Land koumen a véier Joer Nazi-Okkupatioun op en Enn gaange sinn.

  • 30 Joer laang Noutstand

    Vun 1915 bis 1946 goufen déi wichtegst Problemer zu Lëtzebuerg duerch Noutstandsgesetzer, ausserhalb vum parlamentaresche Kader, gereegelt.

  • Natioun a Migratioun zu Lëtzebuerg

    D'Entwécklung vum Lëtzebuerger Nationalstaat hänkt enk mat Migratiounen zesummen. An zwar an duebeler Hisiicht: als Realitéit an als Discours.

  • Illiberal Demokratie

    Virun 82 Joer huet de Refus vum Maulkuerf-Gesetz d'Opkomme vun engem Lëtzebuerger Modell vun Demokratie erlaabt. Mee wat war dat fir e Modell?

  • D'Lëtzebuerger Fro op der Paräisser Friddenskonferenz 1919

    28 Mee 1919 : D'Wierfel falen zu Paräis.  Wéi ass d'Lëtzebuerger Fro op der Paräisser Friddenskonferenz vun 1919 behandelt ginn?

  • D'éiweg Schluecht

    Den D-Day huet virun genau 75 Joer stattfonnt. Um memoriellen Terrain gëtt dat Evenement awer ëmmer nees neigespillt.

  • Mam Löschenhaus ass et ugaang...

    D'Affaire vum Löschenhaus vun der Iechternacher Abtei an den 1970er Joren an hir Konsequenzen a Bedeitung fir den Denkmalschutz zu Lëtzebuerg.

  • Die ewige Wiederkehr

    "Game of Thrones" ass déi éischt assuméiert neo-liberal Mainstream-Serie. Dat ass méi wéi eng kulturell Revolutioun, 't ass en Zivilisatiounsbroch.

  • Enn vun der Neutralitéit

    Viru 70 Joer huet Lëtzebuerg seng Neutralitéit opginn an ass Member vun der NATO ginn. Dee Schratt war e kompletten a radikale Paradigmewiessel.

  • FCK LXB

    Eng Analys vun der Meenungsfräiheet zu Lëtzebuerg, wéinst dem Prozess géint den Turnup Tun.

  • D'Aféierung vum allgemenge Wahlrecht am Joer 1919

    War d'Aféierung vum allgemenge Wahlrecht fir Bierger a Biergerinnen am Joer 1919 eng prinzipiell oder eng Opportunitéitsfro?

  • De Centenaire vun 1939: Eng Feierlechkeet am Zeeche vun der Zäit

    Den nationalistesche Kontext an déi politesch ugespaante Situatioun an Europa hunn och de Centenaire vun der Onofhängegkeet gepräägt.

Programm

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen