ZäithistorikerIn

Denis Scuto Vincent Artuso Jacques Maas

Wéi gëtt d'Geschicht vun der Interpretatioun beaflosst? De Vincent Artuso, den Denis Scuto an d'Renée Wagener analyséiere Schlësselevenementer aus eiser Geschicht: d'Aktualitéit vu gëschter an hir Konsequenzen op d'Aktualitéit vun haut.

50 Joer Mouvement Ecologique

Den Zäithistoriker Denis Scuto kënnt, an engem perséinlech-historesche Bäitrag, zeréck op d'Entstoe vum Mouvement écologique, am Kader vun de laange 1960er Joren vun den neie soziale Beweegungen.

Rezent Emissiounen

  • Die ewige Wiederkehr

    "Game of Thrones" ass déi éischt assuméiert neo-liberal Mainstream-Serie. Dat ass méi wéi eng kulturell Revolutioun, 't ass en Zivilisatiounsbroch.

  • Enn vun der Neutralitéit

    Viru 70 Joer huet Lëtzebuerg seng Neutralitéit opginn an ass Member vun der NATO ginn. Dee Schratt war e kompletten a radikale Paradigmewiessel.

  • FCK LXB

    Eng Analys vun der Meenungsfräiheet zu Lëtzebuerg, wéinst dem Prozess géint den Turnup Tun.

  • D'Aféierung vum allgemenge Wahlrecht am Joer 1919

    War d'Aféierung vum allgemenge Wahlrecht fir Bierger a Biergerinnen am Joer 1919 eng prinzipiell oder eng Opportunitéitsfro?

  • De Centenaire vun 1939: Eng Feierlechkeet am Zeeche vun der Zäit

    Den nationalistesche Kontext an déi politesch ugespaante Situatioun an Europa hunn och de Centenaire vun der Onofhängegkeet gepräägt.

  • Besatzungsmuecht Lëtzebuerg

    Nom Zweete Weltkrich huet déi neigegrënnte Lëtzebuerger Arméi un der militärescher Besatzung vun Däitschland deelgeholl.

  • Metzeschmelz: Eng eemooleg Geschicht gëtt weidergeschriwwen

    Zanter enger Woch schaffen véier international Urbanismusteams an engem kreativen a participative Prozess un engem Masterplang fir d'industriell Friche vun Esch-Schëffleng.

  • 16 PORTRAITEN FIR D'GESCHICHT

    " Entre chien et loup ", dat lescht Buch vum Henri Wehenkel, besteet aus 16 Portraiten di d'Komplexitéi vun der Besatzungszäit illustréieren.

  • Lëtzebuerg um seidene Fuedem

    Am Géigesaz zum Enn vum Zweete Weltkrich houng d'Existenz vun engen onofhängege Lëtzebuerg um Enn vum Éischte Weltkrich un engem seidene Fuedem.

  • D'Posthum Existenz vum Kinnek Jang

    Am 19. an am 20. Joerhonnert ass d'Figur vum Jang de Blannen zu enger Projektiounsfläch fir konkurréierend, nationalistesch Dreemereie ginn.

  • Déi éischt Sozialwahlen: Réck- an Ausbléck

    Virun 115 Joer goufen déi éischte Kéier Sozialwahlen organiséiert, besser gesot hir Virleefer.

  • Cet étrange nazi qui sauva mon père

    An engem Buch erzielt de François Heisbourg, wéi en antisemiteschen, däitschen Offizéier während dem Krich, Honnerte vu Judden d'Liewe gerett huet.

  • Den Éischte Radiokrich

    Den Zweete Weltkrich war deen éischte grousse Konflikt, an deem de Radio eng kruzial Roll gespillt huet.

  • Eng duebel Legend feiert 100 Joer

    Historiker hunn eng Tendenz, net nëmmen d'Geschicht vun haut aus, mee dobäi nach aus der Siicht vum Gewënner ze schreiwen.

  • Opportunisten: klischeehafte Begrëff fir d'Kollaborateuren

    D'Wourecht ass, datt vill vun hinne Fanatiker waren, déi bis zum batteren Enn vum Zweete Weltkrich gekämpft hunn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

    • Aktuelles

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen