ZäithistorikerIn

Denis Scuto Vincent Artuso Jacques Maas

Wéi gëtt d'Geschicht vun der Interpretatioun beaflosst? De Vincent Artuso, den Denis Scuto an d'Renée Wagener analyséiere Schlësselevenementer aus eiser Geschicht: d'Aktualitéit vu gëschter an hir Konsequenzen op d'Aktualitéit vun haut.

50 Joer Mouvement Ecologique

Den Zäithistoriker Denis Scuto kënnt, an engem perséinlech-historesche Bäitrag, zeréck op d'Entstoe vum Mouvement écologique, am Kader vun de laange 1960er Joren vun den neie soziale Beweegungen.

Rezent Emissiounen

  • D'Microhistoire - e "jeu d'échelles"

    Microhistoire, dat ass méi wéi en Azoomen vun der Geschichtsfuerschung op méi e klenge Moossstaw, op dat Lokaalt, op kleng Communautéiten.

  • L'ère du témoin

    D'Iwerliewend vun der Shoah si geschwënn net méi do fir ze temoignéieren.

  • Let's make it happen!

    Am Kader vum Nation Branding gëtt déi al Meistererzählung vun der Lëtzebuerger Nationalgeschicht bäibehalen. Si gëtt just méi modern verpaakt.

  • Wien huet Angscht virum Leo Bronstein?

    1934 wollt déi Lëtzebuerger Regierung en Exilant aus der Sowjetunioun partout net op Lëtzebuerg loossen.

  • De Chrëschtbam vu Groussbus

    An der Nuecht vum 28. Dezember 1940 hu Lëtzebuerger Nazien eng Strofexpeditioun zu Groussbus organiséiert.

  • Damnatio memoriae

    Wien huet d'Nei Bréck gebaut? En Hommage un e couragéierten Ingenieur, dee fir d'éischt verdaamt an dono verdrängt gouf.

  • Going native: George Platt Waller

    Während dem Krich huet en amerikaneschen Diplomat Honnerte Judden gehollef, Lëtzebuerg ze verloossen. Seng Niess engagéiert sech, datt hien als Gerechten unerkannt gëtt.

  • Ordinary men ...

    Diktaturen operéieren an der Geschicht mat Negatioun a Fälschung. Demokratien detournéieren d'Geschicht op eng aner Aart a Weis.

  • Dem Kleesche säin Iesel

    Vum Liewewiesen zur Wuer an nees zréck - dem Déier säi Status huet sech an de leschte Joerhonnerten ëmmer nees verännert.

  • D'Flüchtlingsfro an d'Importatioun vun Nazi-Denkweisen

    Andeems et d'Judde verdriwwen huet, huet dat Drëtt Räich seng Obsessiounen a säi Weltbild exportéiert. Och op Lëtzebuerg.

  • Time to remix

    Am zweeten Ulaf huet et geklappt. Esch an d'Südregioun kréien den Titel Europäesch Kulturhaaptstad 2022. Mat enger neier Thematik, Remix culture.

  • Männer vu gëscht a vun haut

    Den neien Andy-Bausch-Film iwwer d'68er-Beweegung ass keng kritesch Geschichtsduerstellung. Och wat d'sexuell Revolutioun vun deemools ugeet.

  • De parlamentaresche Volksstaat

    Am November 1937 huet Lëtzebuerg definitiv de Modell vum antidemokratesche Liberalismus géint dee vun der razialer Demokratie getosch.

  • Vun der Revolutioun zum Enn vun den Utopien

    Virun 100 Joer, de 25. Oktober 1917 (7. November an eisem Kalenner) ass zu St. Petersburg d'Oktoberrevolutioun ugaang.

  • Urdäitsch Muselfranke mat italieneschen Originen

    Während dem Krich waren eenzel italieneschstämmeg Lëtzebuerger schonn esou assimiléiert, datt si bereet waren ... däitsch Nationalsozialisten ze ginn.

     

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Mam Bus op d’Klimakonferenz zu Madrid

    Mam Bus op Madrid

    D'Greta Thunberg ass mam Seegelschëff a mam Zuch op d'Klimakonferenz zu Madrid gefuer. Och de radio 100,7 huet decidéiert, net mam Fliger dohinner ze fléien. Eise Reporter Pierre Reyland fiert mam Bus op Madrid.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen