Europa Aktuell

Danièle Weber

Als ee vun 27 EU-Memberstaaten decidéiert Lëtzebuerg net eleng iwwert seng Zukunft. Déi europäesch Politik an Economie hunn e groussen Afloss op dat, wat am Grand-Duché geschitt. Dënschdes an donneschdes um 07.20 an 08.20 Auer ginn et Hannergrënn iwwert déi aktuell Entwécklungen an der Europäescher Unioun. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Neng EU-Länner soen Nee zum Migratiounspakt vun der UNO

Ufanks der nächster Woch soll zu Marrakesch de globale Pakt fir Migratioun vun de Vereente Natiounen feierlech ugeholl ginn. Op Wonsch vun der ADR gëtt haut an der Chamber doriwwer diskutéiert.

Mëttlerweil stellen eng Partie EU-Länner dee Pakt a Fro. Den Text ass zwar net legal contraignant - mee e bitt eng gutt Geleeënheet, fir d'Sträitthema Nr. 1 an Europa, nämlech d'Migratioun, weider um kachen ze halen. D'Danièle Weber mat engem Iwwerbléck iwwert d'Argumenter, déi op europäeschen Niveau ausgetosch ginn.

 

 

Rezent Emissiounen

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Sozialwahlen 2019

    Den 12. Mäerz ware Sozialwahlen. A ronn 3.800 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, goufen d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer goufen nei gewielt.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen