Invité vum Dag

En Interview iwwer en aktuelle Sujet. Invitéen aus alle méigleche gesellschaftleche Beräicher gi gefrot an hannerfrot.

Corinne Cahen

Wéi eng Ausriichtung hunn d'Familljen- an d'Integratiounspolitik am Koalitiounsaccord? Detailer mat der reconfirméierter zoustänneger Ministerin. D'Mick Entringer féiert duerch d'Gespréich.

Rezent Emissiounen

  • Yves Biwer

    Wien decidéiert, wéi eng Zort Quartier tëschent Esch a Schëffleng gebaut gëtt? Äntwerte vum administrativen Direkter vun der Entwécklungsgesellschaft Agora.

  • Isabelle Faber & Patrick Friedgen

    2018 hat de "Groupe de support psychologique" vu CGDIS 230 Asätz bei Affer vun Accidenter a Gewalt. D'Equipe funktionéiert mat 46 Benevoller.

  • Alain Origer

    Manner Drogendoudeger, manner HIV-Infektiounen duerch Drogen a manner Konsumente vun haarden Drogen. Detailer mam nationalen Drogen-Coordinateur.

  • Gilbert Goergen & Claude Strasser

    De President vum Postsyndikat an de Generaldirekter vun der Post diskutéieren am Kader vun de Sozialwahlen iwwer de Betrib "Post".

  • Tom Jungen

    Den neien LSAP-Generalsekretär iwwer d'Zukunft vu senger Partei

  • Nicolas Buck

    Den Nofolger vum Michel Wurth als UEL-President vun Ufank Mäerz un

  • Jean Huss

    De President vun der Asbl AKUT kommentéiert d'Kapitel Ëmwelt-Medezin aus dem Koalitiounsaccord.

  • Patrick Hurst

    Wat kann de Centre pour l'Egalité de Traitement maache fir diskriminéierte Leit ze hëllëfen? Dat froen mir den neie President vum CET.

  • Estelle Winter & Dores Azeredo - OGBL

    D'Gewerkschaftlerinnen a Botzfrae schwätzen iwwer d'Aarbechtskonditiounen an d'Revendicatiounen am Botzsecteur am Virfeld vun de Sozialwahlen.

  • Patrick Nickels

    Mir froen de President vum Verwaltungsrot vun der SNCI, no wéi enge Kritären déi staatlech Investitiounsbank Sue verléint an investéiert.

  • Lydie Polfer

    Wéi vill Wuesstem verdréit d'Stad? Dat froe mir déi Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.

  • Professer Hans Joachim Schellnhuber

    Mam fréieren Direkter vum Potsdamer Institut fir Klimafolge-Fuerschung geet rieds iwwert wëssenschaftlech Erkenntnisser a politescht Handelen am Klimaschutz.

  • Estelle Evrard

    11,6 Millioune Mënsche liewen an der Groussregioun. Wéi reell ass fir si de geografesche Konzept? Doriwwer geet Rieds mat der Geografin.

  • Jean-Luc de Matteis OGBL & Tiago Ferreira LCGB

    Wat sinn déi grouss sozial Erausfuerderungen am Bausecteur? Am Virfeld vun de Sozialwahlen diskutéieren d'Gewerkschaftssekretären.

  • Jean-Jacques Rommes, designéierte President vum CES

    Funktionnéiert de Sozial-Dialog hei am Land? Doriwwer geet Rieds mam neien designéierte President vum Wirtschafts a  Sozialrot. 

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen