CD-Klassik

Nei Produktiounen aus dem klassesche Beräich a Suggestiounen fir Är Diske-Sammlung.

Roméo et Juliette

A "Roméo et Juliette" geet et ëm dat éiwegt Thema vun der onméiglecher Léift tëscht enger jonker Fra an engem jonke Mann. Den Drama vum Shakespeare huet am Laf vun de Joerhonnerte vill Komponisten inspiréiert. Den Hector Berlioz huet aus der Virlag eng "Symphonie dramatique" mat Solisten a Chouer gemaach, déi de San Francisco Symphony Orchestra elo opgeholl huet.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen