Ee Mount, een Thema

André Dübbers

De radio 100,7 verdéift all Mount e speziellen Themeberäich. Dës Programm-Schwéierpunkten zéie sech duerch vill Emissiounen a Reportagen a bidden dem Nolauschterer Hannergrondinformatiounen an deels ënnerschiddlech Approchen zum Thema vum Mount.

Satir: Alles wat witzeg ass!

Vum Ufank vum 19. Joerhonnert bis haut zitt sech de Sproochwitz duerch d'Lëtzebuerger Literatur. De Sproochwitz war - an ass - Instrument fir gesellschaftlech Zoustänn ze kritiséieren oder och an d'Lächerlecht ze zéien. Nieft der Literatur war de Sproochwitz en essentiellt Element a Publikatioune wéi dem Peck-Villchen oder der Wäschfra.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen