Invité vum Dag

En Interview iwwert en aktuelle Sujet. Invitéen aus alle méigleche gesellschaftleche Beräicher gi gefrot an hannerfrot.

Carole Dieschbourg

Carole Dieschbourg

Zanter 2013 ass d'Carole Dieschbourg an der Regierung zoustänneg fir Ëmwelt a Klimaschutz, an der neier Regierung bekëmmert si sech och nach ëm de Volet nohalteg Entwécklung. Wat gesäit de Koalitiounsaccord an deene verschiddene Beräicher vir? A wéi eng Resultater erwaart si sech vun der UNO-Klimakonferenz zu Kattowitz (a Polen), un där si d'nächst Woch deelhëlt? D'Carole Dieschbourg äntwert op Froe vum Maurice Molitor.

Rezent Emissiounen

  • Charel Schmit

    Mam President vu Caritas Accueil et Solidarité geet ënner anerem rieds iwwer d'Moossname géint Wunnengslosegkeet am Koalitiounsaccord.

  • Paulette Lenert

    Mat der Ministesch fir Kooperatioun a Konsumenteschutz geet Rieds iwwer hir politesch Carrière a Prioritéite fir déi nächst fënnef Joer.

  • David Wagner

    Mam Deputéierte vun déi Lénk schwätze mir ënner anerem iwwer de Koalitiounsaccord.

  • Alex Bodry

    Vum Koalitiouns-Programm iwwer de Verfassungs-Referendum bis bei d'LSAP-Erneierung: un Theme feelt et net am Gespréich mam nach-Fraktiounschef vun de Sozialisten.

  • Carole Dieschbourg

    E Gespréich mat der aler an neier Ëmweltministesch tëschent hirer Vereedegung an hirer Rees op d'UNO-Klimakonferenz zu Kattowitz.

  • Corinne Cahen

    Wéi eng Ausriichtung hunn d'Familljen- an d'Integratiounspolitik am Koalitiounsaccord? Detailer mat der reconfirméierter zoustänneger Ministerin.

  • Etienne Schneider

    E Gespréich mam alen an neie Vize-Premier, ronn zwielef Stonnen nodeems den ausseruerdentlechen LSAP-Kongress dem Koalitiounsaccord zougestëmmt huet.

  • Fernand Kartheiser

    Den ADR Deputéierte kommentéiert de Koalitiounsaccord an déi zukünfteg ADR-Oppositiounsaarbecht.

  • Claude Wiseler

    De Claude Wiseler trëtt als CSV-Fraktiounschef zeréck. Wat ass seng Analys iwwer déi zukünfteg Regierung an d'CSV-Oppositioun?

  • Martina Holbach

    D'Klimapolitik am Koalitiounsaccord, nei EU-Klimaziler an den UN-Klimasommet sinn d'Themen am Gespréich mat der Aktivistin vu Greenpeace.

  • Heinrich Kreft

    Déi bilateral Relatiounen, déi regional Zesummenaarbecht an d'Roll vun Däitschland an Europa sinn Themen mam däitschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg.

  • Georges Mischo

    De CSV-Buergermeeschter vun Esch an neien Deputéierten an der Chamber schwätzt iwwer seng politesch Aarbecht an d'Oppositioun vun der CSV.

  • Sven Clement

    Wat bedeit d'Allianz mat der ADR an der Chamber fir d'Piratepartei? Den Deputéierten a President vun de Piraten erkläert.

  • Mylène Bianchy

    D'Presidentin vun der Eisebunnergewerkschaft Syprolux kritiséiert d'Iddi vum gratis ëffentlechen Transport.

  • John Marshall

    E Gespréich mam briteschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg, zwee Deeg virum EU-Sommet iwwer de Brexit-Deal.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

    • Invité vum Dag - Charel Schmit

  • Noriichten

  • Moies-Magazin

  • Panorama

Dossieren

  • Mënscherechter

    Den 10. Dezember 1948 sinn zu Paräis déi universell Mënscherechter deklaréiert ginn. Um 70. Joresdag vun dëser Deklaratioun steet de Programm vum radio 100,7 ganz am Zeeche vun de Mënscherechter.

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

  • Communiqué du Conseil d’administration du 100,7

    Le Conseil a décidé de créer un comité de transition présidé par Mme Nancy Braun pour la période du 15/12/2018 jusqu'à l'entrée en fonction du nouveau Directeur (m/f). Mme Michèle Vallenthini est nommée suppléante.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen