Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Brexit: Chemin difficile

Les débats sur le Brexit ont commencé en début de semaine au parlement britannique. Une semaine compliquée et d'autres débats à venir avant le vote des députés mardi 11 décembre qui entamerait la phase finale de sortie de l'Union européenne. Mais le chemin d'ici là est difficile.

Rezent Emissiounen

  • EU-Agrarpolitik: PAC post-2020

    An de Reformpläng fir d'Agrarpolitik no 2020 si massiv Budgetskierzunge virgesinn, anerersäits awer och méi Oploen a Saache Klima- an Ëmweltschutz.

  • Eng nei Editioun vun der Étude 4 frontières

    Déi nei Etüd vum Observatoire de la formation des prix bitt d'Méiglechkeet, sech iwwer d'Präisser vun de gängege Produkter zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun ze informéieren.

  • Urgenceservicer an de Spideeler

    D'Urgenceservicer an de Spideeler sinn dacks iwwerlaascht. Bis zu 35 Prozent vun de Patienten hätte kënne vun engem Generalist behandelt ginn. 32 Moossnamen sollen ëmgesat ginn, fir d'Situatioun ze verbesseren.

  • Mobbing zu Lëtzebuerg - Explikatiounen zu de Chiffere vun 2017

    Mobbing ass a bleift een Thema zu Lëtzebuerg, a vrun allem d'Situatioun op esou munch Aarbechtsplaz gëtt engem ze denken.

  • D'Erënnerung als Warnung

    D'Shoah-Monument soll un d'Affer vum Holocaust erënneren. D'Statu gëllt als Warnung virun der Barbarei, der Intoleranz, an dem Rassismus.

  • Centre de Prévention des Toxicomanies: nei Projeten, nei Defien

    Nei Projeten an der Haaptsaach fir Kanner, Jugendlecher a jonk Erwuessener. D'Fondatioun bekëmmert sech haaptsächlech ëm de Volet Präventioun.

  • Scheedungsgesetz

    Mam neie Gesetz ginn et an Zukunft just nach zwou Formen vum Divorce, de Consentement mutuel oder den Zerrüttungsprinzip, wa just ee vun de Partner d'Trennung ufreet.

  • DAES, déi nei Première fir Erwuessener

    Den Diplôme d'accès aux Études Supérieures kënnen Erwuessener vum Hierscht un elo och am Kader vun Owescoursen an der E2C maachen.

     

  • Bäerdref, en Duerf an der Sakgaass

    Gespaarte Stroossen a Wanderweeër, déi net praktikabel sinn: Bäerdref plot sech mat de Konsequenze vun den Onwiederen am Mëllerdall.

  • Déi nei Internetplattform wedo.lu

    D'Fédération des Artisans wëllt souwuel den Handwierksbetriber wéi och der Clientèle nei Kommunikatiounsméiglechkeeten zur Verfügung stellen.

  • Policereform gouf gestëmmt

    Am Mëttelpunkt steet déi territorial Reorganisatioun, d'Aféiere vun neie Carrièren oder nach d'Reorganisatioun vun der Police judiciaire.

  • Motorradkontrolle géint onerlaabt Iwwerhuelen am Stau

    Motocycliste schlängele sech dacks am Stau tëscht den Autoen duerch oder iwwerhuelen iwwer d'Pannespur. Dofir mécht d'Police verstäerkt Kontrollen.

  • D'Auslänner sinn eng Chance fir Lëtzebuerg

    Wéi eng Immigratiounspolitik fir Lëtzebuerg? D'ASTI huet sechs Parteien invitéiert, fir hir Propositiounen ze presentéieren.   

  • Aktivitéitsbilan 2017 vu Médecins Sans Frontières Luxembourg

    An 72 Länner, a mat 463 Projeten hunn MSF Equippen, dorënner och Lëtzebuerger, humanitär Hëllef kënnen assuréieren.

  • Visite um Chantier vum neie Stadion

    D'Aarbechten am Timing an de Budget am Grëff: de Chantier vum nationale Futtball- a Rugby-Stadion op der Kockelscheier.

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen