Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

Ye-Eun Choi © Na-Young Lee

Visiting Germany, de Concert vum OCL

De Sonndeg (9.12.) geet et ëm däitsch Wierker am Concert vum Orchestre de Chambre du Luxembourg an der Philharmonie. "Visiting Germany" ass de Motto vum zweete Concert aus hirer Serie Crossing Europe. Um Programm sti Wierker vu Joseph Martin Kraus, Richard Strauss an de Geieconcerto a mi mineur vum Felix Mendelssohn-Bartholdy.

Solistin ass d'Ye-Eun Choi, déi an de Studio vum radio 100,7 bei de Manuel Ribeiro komm war, fir iwwer de Concert a sech selwer ze verzielen.

Rezent Emissiounen

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen