Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

The Cure - Japanese Whispers

Viru 35 Joer koum "Japanese Whispers" vun der britescher Band The Cure eraus. Den Disk ass manner konzeptuell, wéi säi Virgänger "Pornography", dofir ass en awer vill méi positiv. Am Fong ass et och kee regulären Album, mee eng Kollektioun vu Singelen, déi tëschent dem November 82 an dem November 83 released goufen. Réckbléckend ass "Japanese Whispers" en Zäitdokument, dat interessant Erklärungen zu der Entwécklung vum Robert Smith senger Band gëtt. Eng Emissioun vum Yves Stephany.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Metal Meltdown

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Samschdesmagazin

  • Noriichten

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen