Espresso Beats

Philippe Hansen

All Woch reent et nei Relasen déi d'Museklabelen uechter d'Radiolandschaft schécken. Am Espresso Beats maache mir all Samschdeg de Choix a proposéieren eng Selektioun vun topaktuellen Titelen ... dacks schonns virun hirer offizieller Sortie! Als Vintage-Beitrag kucke mir doriwwer eraus op en eelere Song deen Androck hannerlooss huet. Mam Philippe Hansen.

Espresso Beats

Een Hip Hop Stéck steet a fält dacks mam Choix vu sengem Haaptsample. Beim Jay-Z sengem "Hard Knock Life" ass dëst een Extrait aus dem Musical "Annie" vun 1977. Déi subtil Konscht vum Zitat ass um Rendez-vous am Twenty/Twenty. Wéi konnt dëse Song keng Nummer eent sinn? Dat freet sech de Marc Clement.

D'Anne Georges ass Fan vu Men I Trust. De kanadesche weiblechen Dream Pop Trio huet viru Kuerzem neie Sound publizéiert. Passend bei d'Wieder a richteg verdreemt huet "Say, Can You Hear" e positiven Driff mat easy Danzbare Beats, deen an engems och d'Annonce vum drëtte Studio Longplayer "Oncle Jazz" mécht. Duuss Drums, laang gezu Synthy Sounds, et ass zäitgenëssesch Indie Musek vun dräi iwwerzeegende Musekerinnen.

Nieft dem Concertstipp an dem Philippe senger ganz perséinlecher Playlëscht lafen déi bescht nei Indie- a Major Label Stécker, dorënner fusch nei Singelen ë. a. vun Toro Y Moi, Cat Power, The Lemonheads, Brendan Eder Ensemble, Variety Lab an Ogris Debris.

Rezent Emissiounen

  • Herrlech Nei Musek!

    Neies aus der internationaler Pop- a Rockzeen mat villen Invitéen a sëlleche Coup-de-Coeuren.

  • De Nirvana vun der neier Musek!

    Neies aus der internationaler Pop- a Rockzeen mat villen Invitéen a sëlleche Coup-de-Coeuren.

  • Super Duper Nei Musek!

    Neies aus der internationaler Pop- a Rockzeen mat villen Invitéen a sëlleche Coup-de-Coeuren.

  • Nei Musek à gogo!

    Neies aus der internationaler Pop a Rockzeen mat villen Invitéen a sëlleche Coup-de-coeuren.

  • Ultra Nei Musek!

    Neies aus der internationaler Pop a Rockzeen mat villen Invitéen a sëlleche Coup-de-coeuren.

  • Nei Nei Nei a Gutt!

    Neies aus der internationaler Pop a Rock Zeen mat villen Invitéen a sëlleche Coup-de-coeuren.

  • Nei Musek a villes méi!

    National an international rezent Verëffentlechungen, Coup-de-coeuren an eng Rei Invitéeën.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter.png

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen