Jazzin' Around

Pit Dahm Pol Belardi

Ass dat do nach Jazz?

Jazz ass hautdesdaags alles wat lieweg, opgereegt a frësch kléngt. D'Grenzen an d'Tiräng verschwanne lues a lues. Vun de Grondingrediente bleift haaptsächlech nach d'Improvisatioun iwwereg.

De Pit Dahm an de Pol Belardi presentéieren den Jazz an all sengen Zoustänn, vu senger Urgestalt zu New Orleans bis zum moderne Gewand vu senge villen Derivater, sief et Funk, Groove, Hip-Hop, Electro, Post-Rock oder World Music.

Good Vibes - De Vibraphon am Jazz

Dacks fälschlecherweis vum Laien als Xylophon vernannt, huet de Vibraphon awer virun allem vum Klangspektrum hier en nach vill méi räichhaltege Sound. Mat der Pedal kléngt e méi laang no, a mat deenen duerch de Moteur gesteierte Paletten an de Resonanzkierper entsteet déi prominent "Vibratioun", déi e groussen Deel vun der Ambiance vun dësem speziellen Instrument ausmécht. De Pol Belardi a Pit Dahm presentéieren véier vu senge bekanntsten a wichtegste Vertrieder am Jazz a fille mam Red Norvo, Lionel Hampton, Milt Jackson a Gary Burton dësem Klangwonner op den Zant.

Rezent Emissiounen

  • Tigran

    Museker, déi innovativ e Stil prägen, si rar. De Tigran Hamasyan zielt awer zu dësen dozou. Dräi vum Pianist sengen Albume gi presentéiert.

  • The (Jazz) Crusaders - Those Southern Knights

    D'Crusaders sinn eng groovy Band ronderëm de Keyboarder Joe Sample, déi de Funk a Soul Sound vun den 1970er mat definéiert hunn.

  • Ben Wendel - The Seasons

    En Disk mat 12 Kompositiounen, déi de Ben Wendel fir Museker geschriwwen huet, déi hien inspiréieren.

  • Taylor McFerrin

    De Jong vum Bobby ass selwer och Museker, dee seng eege Richtung fonnt huet an dat mat engem Interessante Mix vun Elektronik an Akustik. 

  • Cannonball Adderley

    Den Julian "Cannonball" Adderley ass méi wéi nëmmen den Altsaxofonist, dee mam M. Davis gespillt huet. Entdeckt Live-Matschnëtter vu senger Band am Quintett a Sextett.

  • Austin Peralta

    En iwweraus villverspriechenden Jazzpianist, deen eis 2012 am zaarten Alter vun 22 Joer verlooss huet.

  • Piano Trio - Swing mat Bluescharakter

    E Format dat nieft der traditioneller Jazz-Harmonie a Melodik eng gutt Partie Blues-Langage benotzt.

  • Art Blakey

    Art Blakey and the Jazz Messengers, eng Band, déi iwwer Joerzéngten ëmmer erëm nei Albumen erausbruecht huet, déi bis haut begeeschteren.

  • Blue

    Vu de "Blue Notes" bis Kind of Blue...d'Faarw Blo zitt sech queesch duerch d'Jazzgeschicht!

  • Hammond

    D'Hammond Uergel spillt a ville Stiler eng wichteg Roll. Dir héiert Musek vun ënner anerem dem Jimmy Smith an dem Rhoda Scott.

  • Blues-Form

    De Blues beschreift net nëmmen eng Stilrichtung, mee och eng meeschtens 12-taktesch Form, déi et an all hiren Zoustänn och queesch duerch d'Jazzgeschicht gëtt.

  • Israel, musikalesch am Fokus

    E Land dat kulturell a musikalesch immens vill ze bidden huet, wéi zum Beispill déi dräi Musiker Shai Maestro, Yaniv Nachum a Gilad Hekselman.

  • Our Year

    2018, e Joer an deem vill geschitt ass, souwuel an der Welt wéi och an der Musek.

  • Christmas!

    Och am Jazz gouf déi besënnlech Zäit schonn ëmmer ganz grouss geschriwwen. Mir stëmmen Iech musikalesch op d'Chrëschtdeeg an!

  • Happy Birthday McCoy Tyner

    En Jazzmusiker, deen 80 Joer krut, dat ass schonn e Grond fir ze feieren.

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen