Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Dem Jeff Wall seng "Wandfotografie"

2008 hat de kanadesche Fotograf Jeff Wall eng leschte Kéier eng grouss Expo an Europa: an zwar an der Tate Modern zu London. Du gouf am Juni 2018 d'Kunsthalle Mannheim mat Jeff-Wall-Fotoen ageweit. E grousse Succès. Mannheim huet duerno 27 groussaarteg Aarbechten an de Mudam geschéckt. Ënner dem Titel "Appearance" si se bis de 6. Januar ze gesinn oder erëm ze entdecken. D'Kerstin Thalau iwwer dem Jeff Wall seng monumental "Wall-Fotografie".

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

    • Noriichten

  • Noriichten

  • Moies-Magazin

  • Panorama

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen