Nee déi Schnëss!

Eng Rei vu Kënschtler an Zeechner, déi mat Hëllef vun der gemoolter Satir an der gezeechenter Karikatur hiren Zäitgenossen de Spigel virgehalen hunn. Dës Kënschtler verbënnt, datt si d'Gesellschaft aus hirer Zäit, oder op d'mannst en Deel dovunner, an hirer Verlugenheet bloussstelle wollten. Si hunn esou och e wichtegen Deel Konschtgeschicht mat geschriwwen.

De George Grosz : d'Karikatur als Waff

De George Grosz huet an där Zäit Figuren a senge Biller, a virun allem a ganz villen Zeechnungen, duergestallt - déi wéi eng Alpdramversioun vun de Personnagë gewierkt hunn, déi een a Romaner wéi "Im Westen Nichts Neues" vum Remarque oder och am Fritz Lang sengem "M eine Stadt sucht einen Mörder" liesen a gesi konnt.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen